Systeemesch Familljen-Opstellungen
D’systeemesch Familljen-Opstellung ass eng fundéieret, déifgräifend an duerstellereg Method, déi erméiglecht d’Zesummenhäng an der Familljen- an der perséinlecher Geschicht ze verstoen, ze erfaassen, an sech deementspriechend nei ze orientéieren. Dobäi ginn, ënner anerem, verstoppte Konflikter, generatiounsiwwergräifend Verstréckungen an intern Dynamiken opgedeckt, onsiichtbar Dynamiken an engem kloere Bild siichtbar gemaach, an Onausgeschwatenes benimmt – mam Zil, se ze verstoen, wann méiglech opzeschaffen, a komplex Liewenserfarungen ze integréieren. D’Opstellung ënnerstëtzt Iech dobäi, méi ënnere Fridden ze fannen, Äert Selbstbild ze stäerken fir kënnen d’Liewen mat méi Sécherheet, Liichtegkeet an Harmonie unzegoen.
Gruppesëtzung // Zesummen an d’Erkenntnis andauchen.
An enger ënnerstëtzenden a respektvollen Kaader exploréiere mir gemeinsam verschidde Liewensberäicher: Familljesituatiounen, Partnerschaften, intern Konflikter, emotional Blockagen oder aner Erausfuerderungen, déi Iech beschäftegen. Dëst geschitt op dräi verschidden Aart a Weisen:
• Perséinlech Opstellung Dir bréngt Är eege Thematik mat an loosst se opstellen, fir nei Ablécker an en méi déiwen Versteesdemech ze fannen.
• Stellvertriedung Dir hëlleft an den Opstellungen vun aneren a spiert dobäi, wéi sech verschidden Dynamiken am eegene Kierper a Gefill weisen.
• Observatioun Dir kënnt als rouege Beobachter dobäi sinn, d’Prozesser verfollegen a vun de gemeinsame Erkenntnisser profitéieren. Beim systeemeschen Opstellen an der Grupp sidd Dir net nëmmen am tëschenmënschleche Matgefill gehaalen, mee et kommen ënnerlech Biller a
Mustere zum Virschéin déi mat Ären eegene Erfarungen resonéieren an nei Weeër opmaachen.
Op Wonsch kann Är Thematik och anonym opgestallt ginn.
Prais:
Als Stellvertrieder/Observatioun: 45 €
Fir eng perséinlech Opstellung: 80 €
Dauer: 3 Stonnen fun 18h15-21h15
Umeldung iwwer email: info@scarabaeus.lu oder Tel. 26262201
Eenzelsëtzungen, Méi en déiwen Abléck
Komplett Familljenopstellung. Eng déifgräifend Ausernanersetzung, Opklärung
an een Opschaffe vu Villfältegen Themaen a Situatioune (aus der Kandheet
an/oder aktuell) déi däi Liewe belaaschten, fir kënnen ee Schratt weider ze goen,
sech ze entwéckelen, Entscheedungen ze huelen an duerchzesetzen, en therapeutesche Prozess ze begleeden a.s.w. (3h-295€)
Systeemesche Coaching fir ee spezifescht Thema mat Hëllef vun enger klenger
Opstellung oder systeemeschen Duerstellungen ze verstoen, ze analyséieren a
léisungsorientéiert duerchzeschaffen. (100€ d’Stonn)
Systeemesch an Integrativ Opstellunge ginn och an anere Formater agesat, wéi
zum Beispill : Mediatioun a Konfliktreegelung, Supervisioun vun Equipe a
Betriber, an am sozio-edukativen a pedagogesche Beräich, fir Teamopbau,
Strukturéierung vun Organismen a Betriber, Work-Life Balance fir Mënsche mat
héijen Erausfuerderungen a.s.w.
De Jérôme Grethen, nieft sengem Beruff als Kënschtler, Chargé de Cours a Pressezeechner, ass e passionéierten Opsteller, dee sech zënter 2012 intensiv a professionell mat der systeemescher Aarbecht befaasst.
No ville Joren internationaler Praxis ass hien nees zu Lëtzebuerg installéiert a
bréngt eng breet Palette vun Erfarungen aus Gruppen- an Eenzelaarbecht mat.
Säi spezifeschen Usaaz ass geprägt vun enger raffinéierter Verbindung tëscht
systéemeschen Opstellungen an aneren entwécklungsorientéierte Methoden.