Familjen Opstellungen mam Jérôme Grethen
11 Rue de la Boucherie
1247 Ville-Haute Luxembourg
Luxemburg
Systeemesch Familljen-Opstellung – E Wee zur Klärung an Entwécklung
D’systeemesch Familljen-Opstellung ass eng duerstellereg Method, déi dozou déngt, d’Verbindungen an der Familljen- a perséinlecher Geschicht ze verstoen, ze begräifen an bewosst ze gestalten. Si hëlleft, verënnerlechte Konflikter, generatiounsiwwergräifend Verstréckungen an intern Dynamiken ze erkennen, ze verstoen a méiglecherweis opzeschaffen. D’Haaptzil ass, ënnere Fridden ze fannen, säi Selbstbild positiv ze stäerken an mat méi Sécherheet an Harmonie duerch d’Liewen ze goen.
Gruppesëtzung – Gemeinsam Weeër zur Léisung fannen
An enger ënnerstëtzender Grupp, exploréiere mir verschidde Beräicher wéi Familljesituatiounen, Relatiounen, intern Konflikter, Blockagen an Liewesverhältnisser. Dëst geschitt op dräi verschidden Aart a Weisen:
– *Perséinlech Opstellung*: Dir kënnt Är individuell Thematik matbréngen a se opstelle loossen.
– *Stellvertriedung*: Dir hëlleft an den Opstellungen vun aneren a spiirt un iech selwer, wéi sech d’Dynamike manifestéieren.
– *Observatioun*: Dir kënnt als Temoin d’Prozesser verfolgen a vun den Erkenntnisser profitéieren.
D’Method erméiglecht et, banneschten Biller bewosst ze maachen, déi sech mat Ären eegene Erfarungen verknëppen a nei Perspektiven opmaachen. Op Wonsch kann Är Thematik anonym opgestallt ginn.
Prais:
Als Stellvertrieder/Observatioun: 45 €
Fir eng perséinlech Opstellung: 80 €
Umeldung iwwer email: info@scarabaeus.lu oder Tel. 26262201
Eenzelsëtzungen-Méi en déiwen Abléck
Komplett Familljenopstellung
Eng déifgräifend Ausernanersetzung, Opklärung an een Opschaffe vu Villfältegen Themaen a Situatioune (aus der Kandheet an/oder aktuell) déi däi Liewe belaaschten, fir kënnen ee Schratt weider ze goen, sech ze entwéckelen, Entscheedungen ze huelen an duerchzesetzen, en therapeutesche Prozess ze begleeden a.s.w. (3h-290€)
Systeemesche Coaching fir ee spezifescht Thema mat Hëllef vun enger klenger Opstellung oder systeemeschen Duerstellungen ze verstoen, ze analyséieren a léisungsorientéiert duerchzeschaffen. (100€ d’Stonn)
Systeemesch an Integrativ Opstellunge ginn och an anere Formater agesat, wéi zum Beispill : Mediatioun a Konfliktreegelung, Supervisioun vun Equipe a Betriber, an am sozio-edukativen a pedagogesche Beräich, fir Teamopbau, Strukturéierung vun Organismen a Betriber, Work-Life Balance fir Mënsche mat héijen Erausfuerderungen a.s.w.
De Jérôme Grethen – Eng gesamtheetleg Approche mat Erfarung an Visioun
De Jérôme Grethen, nieft sengem Beruff als Kënschtler a Pressezeechner, ass e passionéierten Opsteller, dee sech zënter 2012 intensiv mat der systeemescher Aarbecht befaasst. No ville Joren internationaler Praxis ass hien nees zu Lëtzebuerg installéiert a bréngt eng breet Palette vun Erfarungen aus Gruppen- an Eenzelaarbecht mat.
Säi spezifeschen Usaaz ass geprägt vun enger raffinéierter Verbindung tëscht systéemeschen Opstellungen an aneren entwécklungsorientéierte Methoden. D’Opstellungen déi hien facilitéiert, si mat psychologesche Prinzipien verknäppt, fir dass se net op eng spirituell Dimensioun limitéiert ass, mee och konkret am Alldag nëtzlech an umierksam sinn.
Hier anmelden um an der Veranstaltung teilzunehmen